RailTrail Flyer A5(1)

30 juin 2019

Erpeldange/Sûre: Rail & Trail

Manifestation

Den neien Wander-Event zu Lëtzebuerg um Escapardenner organiséiert vum ORT an Zesummenaarbescht mam Syndicat d'Initiative Ierpeldeng.

De Regionalen Tourismusverband vum Éislek invitéiert op déi éischt Editioun vum RAIL&TRAIL. De Programm ëmfaasst zwee variéiert Wandertir fir déi ganz Famill:

Tour 1 (11,5 km) Start -> Michelau
Tour 2 (3,9 km) Family and Kids Tour, Start -> Ettelbruck Gare

Départ ass vun 9:00 bis 14:15 Auer zu Ettelbréck oder Méchela (keen geféierten Tour). Fir déi kleng Wanderer offréieren d'Guiden vum ORT Éislek een spannenden Guidage bis bei d’Ierpeldenger Schlass (3,9 km) um 10:00 an um 14:00 Auer.

Startgeld vun 5 €/Erwuessenen (Virverkaf oder sur Place).  Um Endpunkt vun der Wanderung am Birkelshaff, waart ee variéierten Animatiounsprogramm op d'Wanderer: Handwierker-Workshop fir Kanner, Kutschfahrten mat der Forstverwaltung a Villes méi... Nieft engem regionalen Informatiounsstand weisen och e puer Produzenten aus der Regioun hir Produkter. All Animatiounen sinn gratis. Fir Iessen a Gedrénks wéi och e musikalesche Programm ass och vun de Veräiner aus der Regioun gesuergt.

Informationen:
Office Régional du Tourisme Éislek
Telefon (+352) 26 95 05 66 - 
www.visit-eislek.lu ¦ www.escapardenne.lu